01/08/2024
Grüss Gott aus dem Wormer-Stadl
Den FC KOEPPCHEN WORMER freet sech Iech op déi 6. Editioun vum „Oktoberfest am Wormer-Stadl“ invitéieren ze kënnen.
Net 1 Dag, mee 2 Deeg, neemlech den 18. an 19. Oktober ass et nees esouwäit, dann heescht et nees “O‘zapft is“, „Oans, Zoa g’suffa“ an „ein Prosit der Gemütlichkeit“ um Oktoberfest am Wormer-Stadl.
Mir bidden Iech zwee Owender am bayresche Style mat guddem bayresche Kascht vum Kirsch, le Boucher, original bayresche Béier an enger flotter Ambiance.
Freides, den 18. Oktober gidd dir ab 19.00 Auer animéiert vum SUSAL aus Eisträich, ier de bescht-bekannten Hoffi-Zambezi den Wormer-Stadl zum schunkele bréngt.
Samstes, den 19. Oktober suergt d’Sandy Botsch ab 19.00 Auer fir Oktoberfeststëmmung zesummen mam Käptn Änder.
!!!D’Plazen si limitéiert!!!
Reservéiert elo är Plazen a gidd en Deel vun der 6. Editioun vum Oktoberfest am Wormer-Stadl.
1 Plaz am Wormer-Stadl = 60 Euro pro Persoun
Am Package enthaalen ass:
- Entréesticket
- Reservéierten Dësch
- Service um Dësch
- 1/2 Maß Béier (oder Softdrink/eng Coupe Crémant)
- 1 Salzbretzel
- 1 Plat au Choix (Hax, Hendl, kaale Plat,Vegetaresch)
Wëllt dir zousätzlech:
- kaale Plat (25 Euro pro Plat) oder
- Weisswürste (15 Euro pro Plat) als Entrée
oder
- Apfelstrudel als Dessert (15 Euro pro Apfeldstrudel),
sou musst dir dësen zousätzlech bestellen.
Wei kann ech reservéieren?
Fir ze reservéieren fëllt w.e.g. einfach de Reservatiounsformulaire aus op
https://www.fckoeppchen.lu/oktoberfest-86045v4
De Montant kënnt dir, nodeems dir eng Konfirmatiounsmail kritt hutt, op eise Compte iwwerweisen, dëst gëllt dann als definitiv Bestätegung.
Den Entrée um Oktoberfest am Wormer-Stadl ass just méiglech mat enger Reservatioun. Et gëtt keng Oweskees.
Mindestalter: 16 Joer.
Falls dir sollt Probleemer bei der Reservatioun hunn, dann mellt Iech per Mail op [email protected]
Servus a bis den Weekend vum 18. an 19. Oktober 2024 zu Wormer am Stadl.