30/05/2026
Och dëst Joer organiséiert hier schonn bal traditionell Marche Gourmande. Sonndes, den 13.09.2026 zu Bartreng. E flotten Trëppeltour duerch a ronderëm Bartreng mat kulinareschen Héichpunkten aus Griicheland.
Kommt mat op Rees duerch Natur, Kulinarik a gutt Stëmmung - genee déi Momenter déi een mat Frënn deelt. De Geroch vun griechechen Spezialitéiten, e gudd Glas Wäin, Musek, Laachen an dat Gefill vun enger Taverna ënnert der Sonn.
Den Tour féiert dëst Joer bis kuerz op Mamer wou mer duerch Ënnerstëtzung vun der Brasserie Wëllebau, an engem flotte Kader a hoffentlech bei guddem Wieder op der Terrasse, e Grillmoment ubidden.
Den Online-Ticket-Verkaf ass disponibel op eisem Internetsite: www.spartamylof.com. Maacht Iech deemno baï. Mir freeën eis.