Fraen a Mammen Berdorf - Berdorfer Haupeschfest

Fraen a Mammen Berdorf - Berdorfer Haupeschfest D'Berdorfer Haupeschfest as en flotten Maart mat villen Konschthandwierker, lokalen an regionalen Produiten!

Sos organiséieren mir nach flott Évenementer iwert Joer eweg! Konschthandwierk, lokal an regional Produiten an engem vun den flottsten Dierfer aus der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

Mir haten e flotten Ausfluch an d’Staat mat eiser Guide Denise Schroeder bei beschtem Wieder. Mir hunn d’Staat nach eng ...
26/04/2026

Mir haten e flotten Ausfluch an d’Staat mat eiser Guide Denise Schroeder bei beschtem Wieder. Mir hunn d’Staat nach eng Kéier ganz anescht kënne geléiert. Dono gouf sech bei engem gemittlechen Iesse gestäerkt an den Dag mat engem Tour um Mäertchen ausklénge gelooss.

🇱🇺

Muer ass eise nächste Kaffiskränzchen an der Épicerie! Eng gudd Taass Kaffi a gemitterlecher Ronn bei deem gudden Wieder...
23/04/2026

Muer ass eise nächste Kaffiskränzchen an der Épicerie! Eng gudd Taass Kaffi a gemitterlecher Ronn bei deem gudden Wieder mescht bestëmmt gudd Laun fir de Weekend! ☕️🥐🥰

23/03/2026
Gëschter Owend hat de Comité vun de Fraen a Mammen seng lescht Versammlung an dëser Konstellatioun. Domat geet eng Ära o...
18/03/2026

Gëschter Owend hat de Comité vun de Fraen a Mammen seng lescht Versammlung an dëser Konstellatioun. Domat geet eng Ära op en Enn.

Dräi vun eise Comitésmemberen an dorënner och eis Presidentin ginn elo , no deelweis méi wéi 25 Joer Engagement, hire Poste weider a verloossen de Comité.

Mir wëllen hinnen op dësem Wee nach eng Kéier vu ganzem Häerz Merci soen fir hir onermiddlech Aarbecht an hiren Asaz: fir eise Veräin, fir d’Duerf, fir eis Memberen an fir déi exemplarësch Solidaritéit.

Ouni si wier eise Veräin net esou gewuess a mir hätten iwwer esou vill Joren net esou vill Guddes kënne bewierken.

Eise Merci an eise Respekt gëlle dem Marie-France, Linda a Christine.
Si wäerten ëmmer en Deel vun der Geschicht vun de Fraen a Mammen Berdorf bleiwen.

Mir invitéieren Iech haerzlech op eis Generalversammlung den 24.3 :-)
15/03/2026

Mir invitéieren Iech haerzlech op eis Generalversammlung den 24.3 :-)

Eechternoacher Quaichleken an d’Fraen a Mammen Berdorf invitéieren Iech häerzlech nächste Sonnden op e flotten Lidder Sp...
02/03/2026

Eechternoacher Quaichleken an d’Fraen a Mammen Berdorf invitéieren Iech häerzlech nächste Sonnden op e flotten Lidder Spektakel 🤩🥳😍

Umeldung fir Haupeschfest 2026 ass online op eisem Internetsite ënnert:
08/02/2026

Umeldung fir Haupeschfest 2026 ass online op eisem Internetsite ënnert:

Haupeschfest 2026

Dëse Freiden ass eisen eischten Kaffiskränzchen vum Joer. Mir freeën eis drop en gemitterlechen Moien mateneen ze verbre...
27/01/2026

Dëse Freiden ass eisen eischten Kaffiskränzchen vum Joer. Mir freeën eis drop en gemitterlechen Moien mateneen ze verbrengen. ☕️🥐🍪🥛

Den Owend haten mir eis Remerciementsiessen fir eis Memberen, Frënn, Veräiner déi eis um Haupeschfest 2025 gehollef hunn...
23/01/2026

Den Owend haten mir eis Remerciementsiessen fir eis Memberen, Frënn, Veräiner déi eis um Haupeschfest 2025 gehollef hunn. Ouni Iech wier dëst formidabel Fest net méiglech. 🤩😎🥳🥂😁

Adresse

Berdorf

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fraen a Mammen Berdorf - Berdorfer Haupeschfest publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager