IVV - Olympiade 2027 - Luxemburg

IVV - Olympiade 2027 - Luxemburg Vom 16. bis 19. Juni 2027 wird Luxemburg zum Treffpunkt für Freizeitsportfreunde aus aller Welt.

Gemeinsam feiern wir ein einzigartiges internationales Sport- und Begegnungsfest mit Wandern, Radfahren und Schwimmen!

30/05/2026
Vu Wanderer fir Wanderer - mir zielen op ier Erfahrungen, ier Begeeschterung, ier Mathellef vir IVV-Olympia-Wanderstreck...
06/05/2026

Vu Wanderer fir Wanderer - mir zielen op ier Erfahrungen, ier Begeeschterung, ier Mathellef vir IVV-Olympia-Wanderstrecken ze sichen an ze testen sou dass se jidderengem d‘Scheinheet vun eisem Lëtzebuerg no brengen ! Maach mat bei den Trail-Scouts
Umeldung: [email protected]

18/03/2026
06/03/2026

Réckbléck op äis Assemblée générale vun der FLMP! 🥾

E grousse Merci un d’Sportministesch Martine Hansen an d’Buergermeeschtesch Diane Adehm fir hire Besuch zu Hesper. Nieft de positive Rapporten ass de Bléck fest op d’Zukunft geriicht:

🌟 Highlight 2027: D’IVV-Olympiade kënnt op Lëtzebuerg! Mir sichen elo scho no motivéiert Benevolen! 🙌

🏆 E groussen Bravo och un eis Veräiner: Gratulatioun un d’Clibb aus Izeg, Lënster, Veianen a Bettenduerf fir hir Auszeechnungen. En häerzleche Wëllkomm och un eisen neie Veräin, d’Wanderfrënn Déifferdeng!

👉 All d’Fotoe vun der AG fannt Dir hei: klick.lu/FLMP_AG_2026

30/12/2025

Invitatioun op eng Informatiounsversammlung

Fir motivéiert Fräiwëlleg Helfer/innen vun der IVV-Olympiad 2027

D’IVV-Olympiad 2027 kënnt op Lëtzebuerg – an esou e grousst, internationalt Event geléngt nëmmen zesumme
Dofir sichen mir engagéiert, motivéiert a begeeschtert Fräiwëlleg Helfer/innen déi Loscht hunn, aktiv Deel vun dësem eenzegaartege Projet ze ginn.

Egal ob bei der Organisatioun, um Terrain, an der Betreiung vun de Participanten am Bereich Catering oder am Hannergrond – all Hëllef zielt an dréit dozou bäi, datt d’IVV-Olympiad 2027 zu engem onvergiessleche Succès gëtt.

Fir all Interesséiert organiséiere mir eng Informatiounsversammlung, bei där mir:

- d’IVV-Olympiad 2027 virstellen
- déi verschidde Méiglechkeete fir Fräiwëlleg Helfer/innen erklären
- Froen beäntweren an Iddien austauschen
- an zesumme Motivatioun a Begeeschterung deelen

📅 Datum: Dënschdeg, 13. Januar 2026
⏰ Auerzäit: 19h00
📍 Plaz: Stadter Jugendherberg - Youth Hostels Luxembourg
2, Rue du Fort Olisy, 2261 Pafendall- Luxembourg

Komm laanscht, informéier dech a gef Deel vun enger staarker Equipe, déi d’Wäerter vum Wanderen, der Gemeinschaft an der internationaler Frëndschaft lieft.

Mir freeën eis op dech!

(umelde kanns du dech elo hei)

19/12/2025

🇩🇪 In dieser besonderen Zeit des Jahres sagen wir Danke.
Danke für Gemeinschaft, Freundschaft und die vielen gemeinsamen Schritte, die wir 2025 in ganz Europa gehen durften.
IVV-Europa wünscht allen Wanderfreundinnen und Wanderfreunden frohe Weihnachten, erholsame Feiertage und einen guten Start ins neue Jahr.

🇫🇷 En cette période particulière de l’année, nous souhaitons dire merci.
Merci pour la convivialité, l’amitié et tous les kilomètres parcourus ensemble à travers l’Europe en 2025.
IVV-Europe souhaite à toutes les randonneuses et à tous les randonneurs un joyeux Noël, de belles fêtes et une excellente nouvelle année.

🇬🇧 In this special time of the year, we would like to say thank you.
Thank you for friendship, togetherness and all the shared steps taken across Europe in 2025.
IVV-Europe wishes all walkers a Merry Christmas, peaceful holidays and a happy, healthy New Year.

18/12/2025

De leschten an awer perfekte Kaddo!

Du bass nach op der Sich no enger klenger, mee sënnvoller Iddi fir Chrëschtdag oder fir Neijoersdag d’Joer 2026 gutt unzefänken?
De "IVV-Olympiade-BUFF – Lëtzebuerg 2027" ass stylisch, praktesch a villfälteg: als Halsschutz, Mondschutz oder Kappschutz – perfekt fir Spadséiergäng, Sport oder einfach dobaussen ënnerwee ze sinn.

Mat dësem BUFF schenks du net nëmme Komfort, mee weis och däin Support fir d’IVV-Olympiade 2027 zu Lëtzebuerg !

Exklusiv am FLMP-Shop : 15 € (+ 3 € Versand) duerch Iwwerweisung op Kontos Nummer:
CCRALULL LU16 0099 7800 0059 6551

Sécher dir elo däin Exemplar – soulaang en Stock do ass !

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque IVV - Olympiade 2027 - Luxemburg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à IVV - Olympiade 2027 - Luxemburg:

Partager