07/06/2026
✨𝐁𝐑𝐀𝐒𝐒 & 𝐕𝐎𝐈𝐂𝐄𝐒🎺🎶
𝐒𝐎 𝟏𝟒.𝟎𝟔.𝟐𝟎𝟐𝟔, 𝟏𝟕:𝟎𝟎 𝐇
D'𝐌𝐚𝐚𝐜𝐡𝐞𝐫 𝐂𝐡𝐨𝐫𝐚𝐥𝐞 huet d’Freed, Iech häerzlech op e ganz besonnesche Concert anzelueden, deen zesumme mat der 𝐇𝐚𝐫𝐦𝐨𝐧𝐢𝐞 𝐔𝐧𝐢𝐨𝐧 𝐓𝐫𝐨𝐢𝐬𝐯𝐢𝐞𝐫𝐠𝐞𝐬 organiséiert gëtt.
De Concert ass an zwee kontrastvoll Deeler opgebaut:
Am 𝟏. 𝐃𝐞𝐞𝐥 steet déi 𝐄𝐥𝐰𝐞𝐧𝐭𝐞𝐫 𝐌𝐮𝐬𝐞𝐤 am Mëttelpunkt, zesumme mam international renomméierten Euphonium-Virtuos 𝐆𝐥𝐞𝐧𝐧 𝐯𝐚𝐧 𝐋𝐨𝐨𝐲 .
Um Programm stinn ënner anerem:
𝐔𝐅𝐎 𝐂𝐨𝐧𝐜𝐞𝐫𝐭𝐨 (𝐉𝐨𝐡𝐚𝐧 𝐝𝐞 𝐌𝐞𝐢𝐣)
𝐒𝐨𝐧𝐠 𝐟𝐨𝐫 𝐈𝐧𝐚 (𝐏𝐡𝐢𝐥𝐢𝐩 𝐒𝐩𝐚𝐫𝐤𝐞)
𝐆𝐢𝐩𝐬𝐲 𝐀𝐢𝐫𝐬 (𝐏𝐚𝐛𝐥𝐨 𝐝𝐞 𝐒𝐚𝐫𝐚𝐬𝐚𝐭𝐞)
𝐁𝐫𝐢𝐥𝐥𝐚𝐧𝐭𝐞 (𝐏𝐞𝐭𝐞𝐫 𝐆𝐫𝐚𝐡𝐚𝐦)
Dësen Deel versprécht virtuos, expressiv an technesch beandrockend Momenter.
Am 𝟐. 𝐃𝐞𝐞𝐥 vereene sech d’Maacher Chorale an d’Elwenter Musek fir eng grouss Reess duerch d’Welt vun der 𝐅𝐢𝐥𝐦𝐦𝐮𝐬𝐞𝐤 mat Wierker vu bekannte Komponisten ewéi Hans Zimmer, James Horner, Howard Shore, Ennio Morricone an aneren,
Dëse musikaleschen Deel gëtt zousätzlech ënnerstëtzt vum 𝐎𝐫𝐜𝐡𝐞𝐬𝐭𝐞𝐫 𝐋’𝐄𝐬𝐭𝐫𝐨 𝐀𝐫𝐦𝐨𝐧𝐢𝐜𝐨 a garantéiert eng emotional an epesch Klangerfarung.
Tickets : 𝐰𝐰𝐰.𝐥𝐮𝐱𝐞𝐦𝐛𝐨𝐮𝐫𝐠-𝐭𝐢𝐜𝐤𝐞𝐭.𝐥𝐮
Kanner bis 12 Joer kommen gratis eran!