Münchner Bal

Münchner Bal Op dëser Säit kritt dir all Infoen iwwer de Münchner Bal, deen all Joers traditionell op Ouschtersonndeg stattfënnt. Dëst Joer ass dat den 17.

Traditionell fënnt den Münchner Bal um Ouschtersonndeg statt. Aprell am Melusina. Fir de bayresche Flair op Lëtzebuerg ze bréngen gëtt et natierlech frësch gezaapten Augustiner Béier. Dëst Joer gëtt et deen souguer op 3 verschiddene LSM Stänn. Weiderhinn wäert et och een Grillstand ginn. Op dëser Säit wäerten mir Detailer zum Bal souwéi zum Ticketverkaf posten.

Réckbléck Münchner BalUm Ouschtersonnden, de 05. Abrëll, hunn eng gutt 800 Leit de Wee an de Melusina fonnt. Um Münchner...
28/04/2026

Réckbléck Münchner Bal
Um Ouschtersonnden, de 05. Abrëll, hunn eng gutt 800 Leit de Wee an de Melusina fonnt. Um Münchner Bal ware si mat guddem Béier, Blue Seppl Shots a Musek versuergt. Fir dass d’Danzfläch gefëllt war, hunn den , an gesuergt. 🪩🍻

Insgesamt war et nees en onvergiesslechen Owend! Dëst wär awer ouni eis Helfer a Premium-Helfer net méiglech gewiescht: Fässer duerch d’Géigend droen, hannert dem Grill stoen, Tickete scannen an d’Zapanlag bedénge waren nëmmen e kléngen Deel vun all den Aarbechten.
Dofir nach eng Kéier en décke Merci u jiddereen, deen eng Hand mat ugepaakt huet!💙

E weidere Merci geet dann u jiddereen, deen op de Bal komm ass. Mir hoffen iech all d’nächst Joer um Ouschtersonndeg rëm ze gesinn!

A few hours to go...⏳an dann ass et schonn souwäit! 🤩 Du hues nach keen Ticket? Kee Problem — mir hunn eng Oweskeess! Dë...
05/04/2026

A few hours to go...⏳an dann ass et schonn souwäit! 🤩 Du hues nach keen Ticket? Kee Problem — mir hunn eng Oweskeess! Dës ass awer limitéiert, also profitéier nach vum Late-Bird Ticketsverkaf op muenchnerbal.lu, dee geet nach bis 19h00.

Mir freeën eis op iech!💙🍻

Fir dass dir iech um Münchner Bal net verlaaft an dir de Comptoir och sécher fannt, hei eng kleng Iwwersiicht vun eisem ...
04/04/2026

Fir dass dir iech um Münchner Bal net verlaaft an dir de Comptoir och sécher fannt, hei eng kleng Iwwersiicht vun eisem Bal. Et ginn am ganzen dräi LSM Stänn, wou ee Münchner Béier a Blue-Seppl-Shote kritt. 🍺 Op der Terrass steet eise Grill, wou dir den een oder anere Wupp kënnt siche goen.🌭 Fir bayresch Musik an typesch Oktoberfest Stëmmung geet et dann erop an d’Lounge, an den Himmel der Bayern.🥨

Och dëst Joer fuere mir erëm mat engem Pfandsystem fir d’Becheren. ♻️ Op engem Becher sinn 1,5€ Pfand an op engem Shotbe...
03/04/2026

Och dëst Joer fuere mir erëm mat engem Pfandsystem fir d’Becheren. ♻️ Op engem Becher sinn 1,5€ Pfand an op engem Shotbecher 1€ Pfand drop. Also geheit se net ewech, well dir kënnt mat de Becheren op de Comptoire bezuelen oder se no 1 Auer bei eiser Pfandkeess an der Entrée ofginn, fir är Suen zeréck ze kréien. 💸

Keng Angscht! Wann dir kee Cash dobäi hutt, musst dir net erdiischteren. 💸Um Münchner Bal kënnt dir souwuel mat Cash wéi...
02/04/2026

Keng Angscht! Wann dir kee Cash dobäi hutt, musst dir net erdiischteren. 💸
Um Münchner Bal kënnt dir souwuel mat Cash wéi och mat Kaart bezuelen. 💶💳

Fir dass et een authentesche Münchner Bal gëtt, däerfen d’Dirndlen an d’Lederhosen natierlech net feelen. 👗🩳 Wann dir an...
01/04/2026

Fir dass et een authentesche Münchner Bal gëtt, däerfen d’Dirndlen an d’Lederhosen natierlech net feelen. 👗🩳 Wann dir an Truecht kommt, gesitt dir net nëmme stylesch aus, mee dir kritt 1 gratis Shot Blue Seppl vun eis offréiert. 😋

Lescht Gewënnspill ❗Gewann 7 Shots um Münchner Bal, de 5. Abrëll. 🪩Dofir muss du nëmmen:1. Eisem Instagram Account  folg...
31/03/2026

Lescht Gewënnspill ❗
Gewann 7 Shots um Münchner Bal, de 5. Abrëll. 🪩

Dofir muss du nëmmen:
1. Eisem Instagram Account folgen
2. Kommentéiere wéi eise Shot heescht
3. Ee Kolleeg markéiere mat dem s du op de Münchner Bal kënns 🪩💃

De Gewënner gëtt den 03. Abrëll ausgeloust. 🍀

Fir deng Gewënnchancen ze verduebele kanns du och op Facebook um Gewënnspill deelhuelen.

Mir freeën eis op dech! 💙

Natierlech däerf op engem Bal d’Happy Hour net feelen.⏱️ Vun 21 Auer bis 22 kritt ee fir all Blue Seppl Shot deen ee bes...
31/03/2026

Natierlech däerf op engem Bal d’Happy Hour net feelen.⏱️ Vun 21 Auer bis 22 kritt ee fir all Blue Seppl Shot deen ee bestellt, gratis een Zweeten dobäi. 🤩👏🏻

🚨Late-Bird Ticketverkaf🚨Du hues d’Early-Bird Tickete verschlof? 🥱Dann sécher der lo nach séier däi Late-Bird Ticket op m...
30/03/2026

🚨Late-Bird Ticketverkaf🚨
Du hues d’Early-Bird Tickete verschlof? 🥱Dann sécher der lo nach séier däi Late-Bird Ticket op muenchnerbal.lu éier keng méi do sinn, d’Late-Birds sinn nämlech limitéiert!

De Link ass an der Bio. ⬆️

Dëst Joer ginn et nees 14 verschidden Navette vu latenightbus.lu déi iech aus dem ganze Land op eise Bal an och nees hee...
29/03/2026

Dëst Joer ginn et nees 14 verschidden Navette vu latenightbus.lu déi iech aus dem ganze Land op eise Bal an och nees heem bréngen. 🚏🚌
Déi genau Fuerpläng fannt dir op latenightbus.lu.

De Link ass an eiser Bio. ⬆️

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Münchner Bal publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Münchner Bal:

Partager