08/04/2026
💚Villmools Merci💚
D'Nouspelter Emaischen seet jidderengem villmools Merci, deen de Wee op Nouspelt um Ouschterweekend fonnt huet a bei der 70. Editioun dobäi war 🤩 an awer och ee ganz grousse Merci un all eis Memberen, déi méi wéi eng Woch all Dag am Asaz ware fir dëst Fest z'erméiglechen 🫶 mee natierlech och villmools Merci all deenen aneren Acteuren, wéi d'Kielener Gemeng, déi eis bei dësem Fest ënnerstëtzen 🥰
Am Kalenner kann een sech schonn de 27., 28. an 29. Mäerz fir déi 71. Editioun vun der Nouspelter Emaischen markéieren 🐥