Platform for local and regional bands from all different kind of music such as Folk , Rock, Pop ... The idea is based on a very simple concept by Marc Hoffmann (Tenergy, Traders, Voenix) and the high commitment of the CDJ KanechLenning over 10 years now. Hannert dëser Iddi läit de Motto: en Treff fir Museker aus dem ganze Land op d’Been ze stellen fir verschidden Musekstiler ze presentéieren aus d
e Beräicher: Folk, Rock, Pop a Blues. Domadder gouf e Forum ausgeschafft sech als Museker ze begéinen, Erlieftenes auszetauschen a virun allem dem Publikum an engem gemittlechen Kader, Musek «live», virzestellen. Als «open-air plateau de production» gouf de Bannenhaff an der Éiterstrooss, 3 zu Kanech ausgewielt. All Kéiers am Juli as et dann erëm sou wäit wann et heescht «beim Hoffi am Haff» as erëm eng lass. D’Musek, d’Loscht op e flotten Dag an de Virwëtz op dat wat do am Haff passéiert zitt all Joër d’Ferventen vun der Musek un, an dat bei fräiem Entrée. An der Zesummenaarbecht mat dem Club des Jeunes Kanech-Lenningen gëlt dësen «Event» als feste Rendez-vous an der Gemeng. Intressant sief hei wuel de Gedanken un d’Organisateuren vu Festivalen op Kanech ze kommen, fir eranzelauschteren, an op dës Manéier deen een oder aneren Grupp ze entdecken an ze engagéiren, op dat et musikalesch viru geet am Land. D’Bühn mat Musekanlag, Bassverstärker, Gitarverstärker, enger kompletter Batterie an enger kompetenter Techniker-Crew mat Sound-Mixer steet de Museker gratis zur Verfügung. Anescht gesot gëlt dësen zesummegesatenen Plateau als «promotion» fir di eenzel Gruppen, jee, eng lieweg Informatioun fir op sech opmierksam ze maachen. Dës Musekinitiative berout op fräiwëlleger Basis an ët gëllt de Motto: «Spaass, Musek a gutt Laun» - op de Publikum weider ze ginn.